fbpx

Bekannt Plazen : En Tour duerch d’Stad

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Et war eemol matten an Europa e klengt Land mat enger klenger, schéiner Haaptstad an där et esou vill Saachen ze kucke gouf. D’Haaptstad hat deeselwechten Numm ewéi d’Land, esou kleng war et.

Mir maachen elo en Tour duerch d’Stad. Mir ginn um Knuedler fort. Do ass d’Gemeng vun der Stad Lëtzebuerg an de Bierger-Center. Och eng Statu vum Wëllem den II. um Päerd steet do. De Wëllem den II. war Kinnek vun Holland a Groussherzog vu Lëtzebuerg.

Vum Knuedler gesi mir de Palais, dat ass dem Groussherzog seng Residenz an der Stad. Fir de Palais vu bannen ze gesinn, muss een e Rendez-vous hunn.

Fotoen via monarchie.lu

Mir ginn elo elo weider op d’Plëss. D’Plëss heescht offiziell „Place d‘Armes”. An der Mëtt vun der Plëss steet e Kiosk. Am Summer sinn do vill Concerten. Ronderëm d’Plëss si vill Caféen a Restaurante mat groussen Terrassen.

Parallel vun der Plëss ass d’Groussgaass, offiziell d‘“Grand-Rue“. Do fënnt e vill deier Luxusgeschäfter.

Place d'Armes
Foto via

Kennt Dir d’Gëlle Fra? D’Gëlle Fra steet op der Constitutiounsplaz. Si erënnert un déi Lëtzebuergesch Zaldoten, déi am 1. Weltkrich gestuerwe sinn.

Ganz no bei der Gëlle Fra ass och d’Entrée fir an d’Kasematten. Dat sinn Tunnelen ënnert der Stad, déi ongeféier 20 Kilometer laang sinn. Hei kënnt Dir Iech am Fréijoer an am Summer ofkillen.

Gëlle Fra

Net wäit ewech ass och d’Kathedral an de Plateau “Hellege Geescht“ mam „éiwege Feier“. D‘“éiwegt Feier“ um Kanounenhiwwel ass d’national Monument vun der Lëtzebuerger Solidaritéit.

Dir sidd elo midd? Dann huelt de Lift a fuert erof an de Gronn, setzt Iech op eng flott Terrass bei d’Uelzecht an drénkt e Patt.

Vocabulary

  • matten = in the middle
  • Gemeng = commune, town hall
  • Palais = palace
  • an der Mëtt = in the middle
  • ronderëm = around
  • Zaldoten = soldiers
  • gestueren (stierwen) = died (to die)
  • ënnert = under, underneath
  • net wait ewech = not far away
  • éiwegt Feier = eternal fire
  • e Patt drénken = have a pint
  • deeselwechten = the same
  • Statu = statue
  • bannen = inside
  • Kiosk = kiosk
  • d’Gëlle Fra = Golden Lady
  • Weltkrich = world war
  • ganz no = very close
  • ofkillen = cool down
  • Hellege geescht = holy ghost
  • midd = tired
Tags:
Tania Hoffmann

Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.