fbpx

Kannerbicher : De Ben an de Bier

Béid Bicher si vir Kanner ab 24 Méint an den Editeur ass Perspektiv Editions.

“De Ben an de Bier ginn déck Frënn”

Vir d’Kanner si Geschichten mat Bieren oft di schéinst. Well all Kand huet esou e pelzege Frënd bei sech am Kannerzëmmer stoen.

Dohier passt et gutt wann de Ben sech an déi Rei dobäistelle kann.

De Ben fillt sech heiansdo eleng wëll Mamma a Pappa jo net ëmmer mat him spille kënnen. Mee enges Daags schellt et un der Dier. Keen anere wéi de Bier steet do a freet de Ben vir eranzekommen. Tëschent hinnen zwee entsteet eng déif Frëndschaft an de Ben ass net méi eleng.

Dat wonnerschéint, an douce Faarwen illustréiert Kannerbuch huet et mir ugedoen. An d’Geschicht em de Ben a säi Bier huet mir esou gutt gefall, dat ech och direkt dat zweet Buch matbruecht hunn :

“De Ben mécht de Bier erëm gesond”

Och dës Geschicht ass wonnerschéin illustréiert an erzielt de Kanner op eng léif Aart a Weis wat ze maachen ass wann ee krank ass. Natierlech ass d’Medezin wichteg. Mee et gëtt nach eppes méi, nämlech ee ganz vill gären hunn a léif an den Aarm huelen.

Präis pro Buch : 11,50 Euro

“De Ben an de Bier ginn déck Frënn” – ISBN: 978-9-9959-5669-1

“De Ben mécht de Bier erëm gesond” – ISBN : 978-9-9959-5668-4

 

Wann Iech des zwee wonnerschéi Kannerbicher et och ugedoen hunn, da schreift wannechgelift op Facebooksäit Martine’s Leseecke a maacht mat beim Gewënnspill. Beäntwert duerfir des Fro : Wéi heescht de klenge Mann dee sech esou eleng fillt?

Stéchdatum ass an enger Woch. De Gewënner gëtt dono gezunn.

Vill Gléck ! 😊

Tags:
Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Blog Comments
Debora

Ech lieben dest Kollektioun an déi léif Biller !

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.