fbpx

Pabeier schäffen

Moie jiddereen,

ech hoffen et geet iech gutt an d’Moral ass op der Héicht, trotz der onverännerter Situatioun an der Absence vun all de flotten Eventer, déi mer normalerweis ëm dës Joreszäit feieren, ewéi d’Fuesent an d’Buergbrennen.

Haut weisen ech iech eppes, dat ech scho méi laang probéiere wollt an elo endlech dozou koum: Pabeier schäffen. Kléngt dat komplizéiert? Huet et vir mech och ëmmer. Tatsaach ass awer, datt et e wierklech simple Prozess ass (also, esou ewéi mir dat haut maachen, nämlech de Pabeier recycléieren. Mir fänken net mam Holz un.)

Et gëtt extra Pabeier-Schäff-Rummen, mee ech weisen iech haut eng méi Budget-frëndlech Alternativ, virun allem wann een et just eng Kéier probéiere wëll, an et net onbedéngt op laang Dauer als Hobby bedreift.

Wat brauche mer?

Zwou Fotosrummen an ärer Liblingsgréisst an en Nylonscollant, déck genuch fir net direkt futti ze fueren. Ech hunn 80 Den geholl an hat kee Problem, fir e lächerfräi iwwer d’Rumm ze zéien.

Net hei ze gesinn, ass eng Plastikskëscht oder Bitchen an déi d’Rumm ganz dra passt. Herno kommen do d’Waasser, de Pabeier , an Hand- a Microfaserdicher dran.  Ech hu se dommerweis vergiess, well ech esou eppes schonn doheem hat a se elo net extra kaaft hunn.

Nodeem mer alles ausgepaakt hunn, huele mer d’Glas an de Kartongsréck aus de Rummen, an diebelen all déi kleng Häkercher hei platt un d’Holz.

Eng vun de Rumme maache mer dann an ee Bee vum Collant.

Da schneide mer d’Been of, zéien de Collant esou stramm ewéi et geet a maachen e mat engem Knuet zou.

Dann huele mer eis Këscht oder Bitchen, kucken, datt eis Rumm ganz drapasst, fëlle se mat Waasser a Pabeiersschnëppelen. Dir braucht just e bësse méi Waasser ewéi är Rummen héich sinn. Fir d’Quantitéit vum Pabeier, et brauch een net allze vill.

Wéi der op der Foto gesitt, ass d‘Bitche voll, mee net esou, datt een net méi einfach mat der Hand doduerch schwenke kéint.

Mat engem Handmixer gëtt dann alles zu enger déckflësseger, papeger Zopp gemixt.

Da leeë mer en Handduch an e Microfaserduch op de Buedem. Am beschten déi ganz glat.

Dann huele mer eis Rummen a leeë se mat deenen zwou baussechte Säiten, op deenen een d’Bild géing gesinn, openeen:

An da komme mer zum Schäffen. Denkt drun, wat der méi Pap an d’Rumm fëllt, wat äert Blat herno natierlech méi deck ass.

Klickt op de Link fir de Video ze kucken : https://vimeo.com/user104215943

Wann de gréissten Deel vum Waasser ofgelaf ass, huele mer déi iewescht Rumm erof. Déi anermam Collant leeë mer mam Pabeier no ënnen op d’Microfaserduch. Keng Angscht, dat hält.

Voilà.

Dann huele mer e Schwamm oder en anert Microfaserduch an drécken esou vill ewéi méiglech Waasser eraus. Dat ass u sech optional, garantéiert awer eng erfollegräich Pabeierhierstellung. Mam Schwamm geet et och besser a méi séier ewéi mam Microfaser.

Da maache mer d’Rumm lass andeem mer se mat klengen a schnelle Beweegungen no riets a lenks rëselen a gläichzäiteg lues no uewen zéien.

Aus eegener Erfarung hunn ech geléiert, datt et vill besser geet, wann een d’Rumm virdrun uewen an ënnen a riets a lénks e bëssen hin an hier wackelt.

Vu datt dat hei eent vu mengen éischte Blieder ass, ass et uewen e bësse futti gaangen. Mat e bëssen Übung gëtt et awer séier besser. Wann een dann e Stéck huet, dat futti geet, kann een et einfach virsiichteg erëm a Positioun bréngen. Duerch d’Pressen hält et herno ewéi wa bal näischt gewiescht wier.

Klickt op de Link fir de Video ze kucken : https://vimeo.com/user104215943

Hei en anert Beispill.

Dorop leeë mer dann en zweet Microfaserduch.

Wann ee gär méi Blieder gläichzäiteg presst, einfach de ganze Prozess widderhuelen an de Pabeier, ëmmer mat engem Microfaserduch dotëscht, openee stapelen.

Dann e richtegt déckt Stéck Kartong oder Holz dropleeën. Ech hunn déi zwee Récker vun de Rumme geholl.

(Dee klenge Virwëtz hei huet sech missen informéieren, wat genau do geschitt.)

Da stelle mer eis drop an trëppelen e bëssen drop ronderëm. Oder sprangen. Passt just op, datt näischt verrutscht. Domat drécke mer de Rescht iwwerflëssegt Waasser aus dem Pabeier.

Dann hänke mer et op fir ze dréchnen. Dat kann een op engem Wäschestänner maachen, iwwer e Stullréck, mat Double-face un d’Mauer,… Dat wat am prakteschsten ass. Da schiele mer virsiichteg de Bord e bësse vum Microfaserduch erof.

Et kann een et esou hänke loossen oder d’Duch ganz erofhuelen. Dat geet ganz einfach, esouguer eenhänneg.

Klickt op de Link fir de Video ze kucken : https://vimeo.com/user104215943

Da loosse mer et dréchnen. Een Dag oder iwwer Nuecht geet duer. Déi ronn Fal am Pabeier, wou en ophänkt, kritt een duerno ganz einfach ewech andeem een et ënner eppes Schwéieres leet, ewéi e Buch.

En Nodeel vun dëser Konstruktioun ass, datt sech tëscht de Loe vum Collant (do wou een de Knuet mécht) forcément Pabeier usammelt. Trotzdeem ass dat hei dee séiersten an einfachste Setup. Wann een et gär méi oft mécht, kann een et och maachen ewéi ech um Bild 12.

De Collant ass nëmmen eesäiteg drop a mat waasserfestem Pechband festgemaach.

De fäerdege Pabeier kann een da benotze fir einfach dropzeschreiwen oder ze molen, oder fir Bréiwer oder Kaddoen ze personaliséieren. Oder awer och fir Scrapbooking zum Beispill.

Zu gudder Lescht dann nach Muster, déi ee kann an de Pabeier stempelen. Als Beispill hei e klenge Päiperlek.

Heivir hunn ech einfach, éier ech d’Blat op d’Microfaserduch geluecht hunn, kleng (+/-120gsm) Pabeierspäiperleken dropverdeelt. Wann ee méi en décke Kartong hëlt, gëtt den Ofdrock méi déif a besser siichtbar.

Elo ass et un iech. Pabeier schäffe kann och eng interessant an edukativ Aktivitéit fir Kanner sinn, fir hinnen d‘Pabeierhierstellung an de Recycling ze erklären a méi no ze bréngen.

Probéiert et selwer, vläicht schonn dëse Weekend.

An dat war et vu mir. Vill Spaass beim Pabeier selwer maachen a bleift all gesond a kreativ.

Tags:
Stéphanie K.

Stéphanie K.

Hi, my name is Stéphanie. I'm Luxembourgish, in my late twenties, and a passionate artist. I paint and draw since what feels like forever. Though I do occasionally crack open a tube of acrylic paint, my favourite traditional mediums are a watercolour and alcohol markers. I also do lots of digital pieces. My motifs include all possible things, such as food, plants, characters, and animals, whereas my art style depends much on the subject and reaches from cartoony to semi-realism.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.