fbpx

De Josi wandert aus

De Josi wandert ausJosi emigrates vum Mireille Weiten-de Waha a Marco Weiten

Wéi kann een de Kanner op eng flott Aart a Weis erkläre wat de Klimawandel bewierkt a wéi mir d’Welt rette kënnen. Abee, mat der Hëllef vum Josi a sengen Abenteuer ass dat ganz einfach. A flott dobäi!

 

D’Geschicht vum Josi ass interessant, kandgerecht an immens léif geschriwwen. Si verbënnt d‘Theema vun de Bierenelteren, déi hiert Bierekand an déi grouss wäit Welt zéie loosse mat deem vun der Klimaprobleematik, déi ons ganz Welt bedrot. D´Illustratioune si wonnerschéi gemoolt an déi kräfteg Faarwen droen hiert dozou bäi datt dëst Buch net nëmmen de Kanner gutt gefält. De Cover ass mat engem flotten 3D Bild opgewäert an de Fait datt d‘Buch an zwou Sproochen ass, Lëtzebuergesch an Englesch, mécht datt d’Buch fir e breede Publikum zougänglech ass.

Vum Mireille a Marco Weiten wollt ech dann och méi zu dësem flotte Projet wëssen :

Wéi sidd Där zum Schreiwe komm ?

Mireille : Ech hu gesongen a geschriwwe säit ech denke kann. Beim Schreiwe kann ee sech seng Welt esou schafen, ewéi se engem gefält, et kann een a Welte reesen, déi et deelweis mol guer net gëtt. Et kann ee Wäerter valoriséieren, déi d‘Kanner net an der Schoul léieren, déi awer immens wichteg si fir si selwer an hiert spéidert Liewen. An der Schoul hunn ech am léifsten Aufsätz an Exposéë gemaach, an alle Sproochen an iwwert all méiglech Theemen. Schreiwen ass gutt, well een do seng Fantasie, wann een der ze vill huet ewéi ech, kanaliséiere kann.

Spéider hunn ech du fir Zeitunge geschriwwen, oder, wann et eppes ze feiere gouf, Laudatioe gemaach,. Liddertexter, Gedichter, alles koum un d’Rei, a schlussendlech Mäerercher.

Wéi sidd Där zum Illustréiere komm, wannechgelift ?

Marco : Ech molen zanter menger Kandheet Déieren. Wann ech meng Bomi op Paräis besiche gaange sinn, si mer an den Zoo gaangen. Ech hunn do vill Zäit verbruecht fir d’Déieren ze molen, ech war fir den Zoo eng Aart Maskottche ginn. Spéider hunn ech Beaux-Art Etudë gemaach, vill Ausstellungen am In- an Ausland, Bicher illustréiert an zu Déifferdang mäin eegenen Atelier opgemaach, wou Dir gären eemol kucke komme kënnt.

A wat huet Iech inspiréiert fir e Gemeinschaftsprojet doraus ze maachen ?

Et louch op der Hand, déi 2 Saache mateneen ze verbannen. Jiddereen huet säin Domaine, mir schwätzen andauernd zesummen iwwert eng nei Geschicht, iwwert d’Charakteren, sou dass mer ganz séier déiselwescht Biller am Kapp hunn. Déi éischt Geschicht ass entstane wou mir eist éischt Kand erwaart hunn, an ech hu misste leien, well d’Chiara e puer Méint ze fréi op d’Welt komme wollt. Esou huet dat ugefaangen.

Wéi ass d´Geschicht ëm de Josi entstanen? An wat huet Iech dozoubruecht d´Buch an zwou Sproochen ze maachen? Firwaat och op Englesch ?

D’Geschicht ëm de Josi ass entstane wéinst der Welt, déi mir eise Kanner hannerloossen, wann net geschwënn eppes geschitt fir de Klimawandel ze stoppen. Et ass de Kanner hir Welt, mir musse si  informéieren, wat am Moment leeft. Et brécht eis d’Häerz, wa mer gesinn ewéi de Liewensraum vun den Äisbieren ëmmer méi verschwënnt … Mir wëlle mat der Geschicht d’Kanner inspiréiere fir d’Welt ze retten.

Et gëtt och eng Pixi-Versioun vum Josi op Franséisch. Déi meescht vun eise Bicher sinn op d‘mannst 2-sproocheg, och alt 3- oder 4-sproocheg. Mir hu vill Nationalitéiten hei am Land, ass eise Point-Fort, deen een och bei de Kanner soll uwenden, fir dass se alleguer eppes dovunner hunn.

Englesch dowéinst, well mer oft drop ugeschwat gi sinn och eemol eppes an dëser Sprooch ze bréngen, well mer Franséisch, Däitsch a Portugisesch schonns bruecht hunn. Mir waren och deemools de Virreider vun de méisproochege Kannerbicher.

Wat wuer déi gréissten Erausfuerderung beim Buch ?

Et an dësen Zäite selwer erauszebréngen, wou keng Bichermäert sinn an och keng Liesungen an de Schoulen. A wou et och net méi vill Editiounshaiser ginn, déi Bicher erausbréngen, well se mat der Kris ze kämpfen hunn am Moment.

Eis Geschichten entstinn all a mengem Kapp, dat ass e groussen Ënnerscheed zu ville Bicher, déi anerwäerts am Moment eraus kommen. Mir hu mëttlerweil selwer d’Rechter vun eise Bicher erëm gefrot, well een domadder méi wäit kënnt an ee selwer ka wichteg Decisiounen huelen an et promote kann. En Editeur huet vill Bicher ervirzebréngen a ka sech net d‘selwescht asetze fir e Buch ewéi den Auteur selwer. On n’est jamais mieux servi que par soi-même, soe se jo.

Ass fir d´éischt Geschicht entstanen an dunn d´Illustratioun oder war et schonns eng Iddi fir eppes mat Bieren ze molen an doraus nach eng Geschicht, e Buch ze maachen ?

Als éischt kënnt ëmmer d’Geschicht. Da ginn d’Charakteren zesummen definéiert, an da kommen d’Illustratiounen an duerno de grafesche Layout, deen de Marco och selwer mécht.

A wéi eng laang Entstehungszäit hat Där fir d´Buch ?

Ee Joer géing ech soen.

Wat sinn Är weider Projete fir d‘Zukunft? Gëtt et eng Fortsetzung mam Josi ?

Dëst Joer gëtt eist 2. Oeuvre Monumentale am Beetebuerger Parc ageweit vun der Geschicht “KOUHANDEL MAT DER WIEDERHEX”. De “KLENGE ROUDE LÉIW” gëtt et jo scho zanter 2009 do. Et ass immens schéin, datt 2 vun eise Geschichten hei veréiwegt ginn.

Et gëtt ganz sécher eng Fortsetzung vum Josi, mir sinn amgaang d’Geschicht am Kapp zesummenzespannen. Mir dréie jo och elo Videoe mam Josi mam KaRL klenge roude Léis. Dat sinn Handpoppen, déi mer ufäerdege gelooss hunn, wou Dir elo schonn an deemnächst nach vill méi op Youtube begéine kënnt.

Mir schaffen op engem Internetsite weitendewaha.lu, deen deemnächst online goe wäert. Hei fannt Dir dem Marco seng BILLER an eis BICHER.

Merci fir dësen Interview !

Et ass fir mech e wonnerschéint Buch, dat klengen a grousse Lieser mat Sécherheet gefält. Wann Där elo virwëtzeg sidd, da maacht mat beim Gewënnspill a sot ons, wat de Josi fir en Déier ass. Post dëst op der FB Säit Martine’s Leseecke A gewannt en Exemplär vun dësem wonnerschéinen a wëssensräiche Buch.

 

Léif Gréiss a bleift gesond.
Tags:
Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.