„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”

Bekannt Plazen : Mam Lift an de Pafendall
Bis 2016 war et schwéier fir Foussgänger a Vëlosfuerer an de Pafendall ze kommen. E Lift verbënnt elo d‘Uewer- an d‘Ënnerstad.
De Lift brauch fir déi 60-Meter nëmmen 30 Sekonnen. Ënnerwee kënnt Dir d’Vue op den Uelzechtdall aus der glieserner Kabinn genéissen. Iwweregens kënnt Dir och no ënne kucken, well de Buedem vun der Kabinn ass och aus Glas.
Bis zu sechs Vëlosfuerer mat hire Vëloen oder zwielef Persounen hu Plaz. D‘Notze vum Lift kascht näischt.
Ronderëm de Lift goufen och Vëlosweeër gebaut fir dohinzekommen. Ronn 150 Vëlosfuerer an 300 Foussgänger d‘Stonn kënnen de Lift notzen.
De Lift verbënnt deen am uewere Stadzentrum geleeëne Parc “Pescatore” an deen am Uelzechtdall leiende Quartier “Pafendall”. D‘Glaskabinn bitt Iech eng eenzegaarteg Panoramavue aus 71 Meter Héicht.
De Lift fiert all Dag vu 5.45 Auer moies bis 1 Auer nuets.
De Pafendall läit am Uelzechtdall tëschent der Alstad an dem Kierchbierg-Plateau.
Duerch de Pafendall féiert och de Wenzelswee, en touristesche Tour duerch d’Festungsanlage vun der Stad Lëtzebuerg. E geet vum Pafendall, duerch de Gronn, erop op de Fort Thüngen.
Iwwer de Pafendall, vum Lampertsbierg op de Kierchbierg féiert d‘Groussherzogin-Charlotte-Bréck, och d’Rout-Bréck genannt.


verbënnt (Verb: verbannen) = combine, connect
Uewerstad = uptown
Uelzechtdall = valley of the Alzette
Kabinn = cabin
iwweregens = by the way
Veloswee = cycle path
leiend = to be located
Festungsanlag = fortification
Ënnerstad = lower part of the town
gliesen = glass
genéissen = enjoy
Buedem = floor
geleeën = situated
eenzegaarteg = unique
Bréck = bridge
Leave a Comment