Moien!
Elo ass geschwënn erëm Ouschteren, a mat enger Grëtz Chance kënne mer dat dëst Joer och e bësse méi feieren ewéi 2020. Falls Dir fir d’Geleeënheet gär Kaarte verschéckt, awer gär méi eppes Perséinleches hätt ewéi eng Kaaften, oder Iech vläicht am Rayon einfach näischt gefält, dann hunn ech hei eng Optioun.
Hei sinn zwou 3D-Styl Kaarten, déi schnell an einfach ze maache sinn.
Fänke mer un.
Fir d’éischt, d’Material:
- Pech
- Schéier
- Bläistëft
- Bastelpabeier a kartong
Optional:
– Skalpell
– Zierkel
– Faarwen (Bläistëft, Marker, Filzstëfter,…)

Mir fänken domat un e Stéck Kartong oder Pabeier an där Gréisst ze schneiden ewéi mer eis Kaart gär hätten. Wann dir Bastelkartong oder -pabeier huelt, deen och banne faarweg ass, kënnt Der e wäisst Blat op déiselwecht Gréisst zouschneiden an dat Stéck drapechen. Bei méifaarwegem Pabeier si Gléckwënsch nämlech net méi onbedéngt gutt ze liesen.

Da schneide mer 5-6 gläich grouss Kreesser aus. Fir datt se schéi ronn ginn, hunn ech en Zierkel benotzt, a fir datt et bësse méi séier geet, d’Blat e puer mol gefaalt.

Da falen déi Kreesser all an der Mëtt…

… a pechen se ëmmer un enger Säit uneneen.

D’Resultat sollt eppes sinn dat (mech perséinlech) e bëssen un en Atomsymbol erënnert.

Da peche mer et an engem Hallefkrees op eis Kaart.

Elo zur Dekoratioun : ugefaange mat e bësse Gras fir ënnert d’Féiss. Dat kann een zwar och drop molen, mee wann een et ausschneit an oppecht, huet een e klenge Relief, wat dat Ganzt e bësse méi interessant mécht. De Pech hunn ech ënnendrop gemaach an net un d’Grasspëtzen – Dir gesitt direkt firwat.

An hei, wat aus der Hallefkugel gëtt: e schéint déckt Hong.
d’Féiss sinn opgemoolt, säi Kamp a Schniewel si gepecht, esou ewéi och d’Wolleken an d’Eeër. Fir se am Gras placéieren ze kënnen, hunn ech se ënner d’Spëtze gedréckt.

Well et iergendwéi e bëssen eidel ausgesinn huet, hunn ech déi kleng faarweg Punkte ronderëm gemaach. Dës Plaz kënnt Der natierlech fir e Message fräiloossen, an amplaz vun engem Hong kënnt Dir och e gielt Jippelche bastelen.
Baussen hunn ech dann och esou eent dropgemaach. Bis op seng Aen ass och hei alles ausgeschnidden.

Domat ass eis éischt Kaart och scho fäerdeg. Wéi Der gesitt ass et wierklech eng einfach a schnell Bastlerei mat där een awer och Kanner eng hallef bis eng ganz Stënnche beschäftege kann.
Fir eis zweet Kaart huele mer och erëm e Stéck Pabeier an der gewënschter Gréisst a falen et an der Mëtt.

Dann huele mer en zweet Stéck, dat eng Grëtz méi kleng ass, esou datt ronderëm e Genre Rumm bleift.

Hei schneide mer e Krees draus eraus a benotzen dat dann als Form fir aus eisem méi groussen, gefaalte Stéck eng Form vum selwechten Radius erauszeschneiden.

Mir kënnen dat Stéck och weider als Form benotzen. All déi Motiver, déi mer elo ausschneiden, sollen nämlech an dee Krees passen. Hei ass et also elo am einfachsten se direkt an der richteger Gréisst ze skizzéieren.
Eemol e Stéck vun engem Hues sengem Kapp…

… an dann e bësse Gras.

An nach dorop kënnt dat e bësse méi klengt Stéck Kartong. Heimat verstoppe mer net nëmmen ënnendrënner ewéi alles opgepecht gouf, mee bréngen och eng extra Lo a méi Faarf mat dran.

Doriwwer kënnt dann d’Gras, esou ewéi wann hie sech géing dra verstoppen a just déi grouss Oueren ze gesi wieren.

Wann den Hues erausgeschnidden ass a mat e bësse Faarf perfektionéiert gouf, peche mer en dann op déi !baussescht! Säit vun eiser Kaart op.

Bannendran hunn ech da “Schéin Ouschteren” geschriwwen, esou datt et duerch de Krees, tëschent dem Hues sengen Oueren erduerch liesbar ass. Et huet een och nach genuch Plaz fir säin Numm drënner ze veréiwegen.

Wann ee wëll, kann een och Vellum Pabeier op déi bannescht Säit, hanner den Hues pechen (dësen awer nëmmen un der Kaart, net um Hues oder dem Gras fest maachen). Domat kritt een dann e liicht transparente Look, mee trotzdeem bleift baussen a banne vun der Kaart getrennt.
An dat war et dann och scho fir haut. Wësst Dir scho wat Dir fir Ouschtere maacht? Vläicht konnt ech Iech jo hei nach eng kleng Iddi ginn. Déi Kaart mam Hues kéint een zum Beispill och als Menüskaart benotzen. Vu datt mer och 2021 wuel kaum 20 Leit invitéiere wäerten, ass dat och Quantitéite-méisseg e Projet deen ëmsetzbar ass.
Iech all vill Spaass beim Nobastelen an, natierlech, schéin Ouschteren!
Leave a Comment