fbpx

Magesch Baguette

Eng magesch Baguette? Wat ass un enger Baguette magesch?

Un dëser Versioun vun enger Baguette ass et, wéi einfach se ze maachen ass. Et geet Ratz-Fatz a schonn ass se fäerdeg. Okay, ganz éierlech… Esou schnell geet et och net, mee et ass dofir ganz einfach a mat ganz wéineg Aarbecht. An se schmaacht!

Wat brauchs du?

  • 400 gr Miel
  • 1 TL Salz
  • 1-2 TL Zocker
  • 300 ml wotlecht Waasser
  • 10 gr Hief (ongeféier ¼ vum engem Wierfel Frëschhief)

Méi brauchs du net.

Den éischte Schrëtt ass mega einfach. Alles beienee tippen an gutt mëschen.

Du muss dësen Deeg net laang knieden : just alles esoulaang knieden an triwwelen bis et eng grouss Bull Deeg ass.

Elo hues du den ustrengendsten Deel gepackt.

Deck deng Schossel mam Deeg zou a stell alles iergendwou hin wou et fir den Deeg schuckeleg ass. Dat ka bei enger Heizung sinn oder bei net méi wéi 30°C am Bakuewen.

Looss him elo 2 Stonne seng Rou!

No där klenger Paus, hëls du den Deeg virsiichteg aus der Schossel a Deels en an 3 ongeféier gläich grouss Stécker. Aus all Stéck méchs du, an deem’s du den Deeg rulls, eng Wurscht. Esou eng Wurscht soll ongeféier 35-40 Zentimeter hunn. Lee déi 3 Stécker, mat genuch Ofstand, ob en Bakblech a looss hinnen nach emol e puer Minutte fir sech ze erblosen.

Wärend där Zäit wierms du den Bakuewen fir. An zwar ob 240°C Uewen- an Ënnerhëtzt.

Wann den Uewe waarm genuch ass, kommen den Baguetten fir 20 Minutten an den Uewen.

Proffitipp 1:

Mat engem ganz schaarfe Messer kanns du e puer , 1 Zentimeter déif, Rillen déi Deeg-Wurschte schneiden. Da gesinn deng Baguette duerno aus wéi vum Bäcker.

Proffitipp 2:

D’Haut gëtt nach méi krupseg wanns du eng feierfest Schossel mat Waasser, vun Ufank un, an den Uewe stells.

GUDDEN APPETIT!

Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.