fbpx

American Pancakes

Pancakes si keng Paangecher!

Mee wat ass dann den Ënnerscheet?

Déi eng komme vun där anere Säit vum Pull. Dat ass awer net den eenzegen Ënnerscheet. Komm mir baken e puer Pancakes an iwwerleeën da wat wuel d’Differenz ass.

Wat brauche mir:

  • 250 gr. Miel
  • 1-2 EL Zocker
  • 1 Titchen Bakpolver
  • 2 Eeër
  • 1 Pouz Salz
  • 200 ml Mëllech (vläicht eng Grëtz méi, hänkt e bëssche vum Miel of)

Den Ufank ass elo och zimmlech einfach.

Alles zesummen an eng Schossel schëdden a gutt mësche bis en Deeg entstanen ass.

Dann e bësschen Ueleg an eng Pan ginn a gutt waarm maachen.

Da einfach eng Lusch Deeg an’t Mëtt vun der Pan schëdden. Duerch d’Hëtzt geet den Deeg dann zimmlech schnell op.

Wann den Deeg dann net méi flësseg ass, emol dréinen a déi zweet Säit och kuerz baken.

De Pancake eraushuelen, nees en Grëtz Ueleg an d’Pan ginn an dann deen nächste baken… bis keen Deeg méi do ass.

An den Ënnerscheet fonnt? Am Deeg ass Bakpolver an en ass méi déckflësseg… Doduerch ginn se méi kleng am Duerchmiesser awer vill méi deck.

Gudden Appetit !
Tags:
Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.