fbpx

D’Lizzie

Pixiebicher sinn ons all (hoffentlech) nach e Begrëff. Dës kleng Bicher an der Hand ze halen, e puer Säiten an eng flott Geschicht andauchen ze kënne mat flotte Biller dobäi, begeeschtert  ëmmer nees Kleng a Grouss. Dës dann och nach op Lëtzebuergesch liesen ze kënne mécht nach ëmsou méi Freed.

Abee PersPektiv Editions an Zesummenaarbecht mat RTL huet sech dem Lizzie a senge Geschichten ugeholl. Nieft dem Buch, wat et bis elo mat 4 Abenteuer bei PersPektiv gëtt, kënnen d’Kanner d’Lizzie och an enger flotter Animatiounsserie begleeden, déi bei KannaTiVi ausgestraalt gëtt.

E Grond méi bei PersPektiv nozefroen, wéi d’Buch a Lëtzebuerger Sprooch an och d‘Zesummenaarbecht mat RTL zustane koum.

Dem Christophe hunn ech e puer Froe gestallt.

Wat mécht PersPektiv Editions generell fir Projeten, wannechgelift?

Dat Ganzt huet 2013 mat der Publikatioun vun den éischte Bicher vum „Wollef“ op Lëtzebuergesch ugefaangen. 2016 gouf PersPektiv vun ons gegrënnt, e Verlag, dee sech op Kannerbicher spezialiséiert. Am Moment kafe mir nach an der Haaptsaach Rechter bei anere Verlager (S. Fischer Verlag, Penguin, Nathan, Glénat, Auzou, Gallimard asw.), mee all Joer kommen elo och eege Produktiounen dobäi. Mir këmmeren eis intern ëm d’Diffusioun vun eise Publikatiounen a schaffen zënter 2017 mat Ernster S. à r. l. fir d‘Distributioun zu Lëtzebuerg.

 

Wéi ass d’Geschicht vum Lizzie op Lëtzebuergesch zustane komm?

2006 huet den Alexander Steffensmeier déi éischt Geschicht vum „Lieselotte“ geschriwwen a gezeechent. Bis haut komme se beim S. Fischer Verlag eraus a ginn a verschidde Sproochen iwwersat. Nieft de Bicher gëtt et och Spill- a Molhefter an zanter kuerzem kann een d’Lieselotte och op der Tëlee kucken. Fir eng lëtzebuergesch Versioun kënnen op de Maart ze bréngen, huet PersPektiv dem S. Fischer Verlag déi entspriechend Rechter ofkaaft an esou koumen 2017 déi éischt zwou Geschichten op Lëtzebuergesch eraus. Bis haut sinn et der am Ganzen aacht (verschiddener si scho vergraff), plus e Mol- a Spillheft.

 

Wéi ass d’Zesummenaarbecht mat RTL zustaane komm?

Virun eppes méi ewéi engem Joer si mer gewuer ginn, datt RTL den Zeechentrickfilm vum „Lieselotte“ géif iwwersetzen an op der Tëlee weisen. Mir hunn RTL kontaktéiert, fir hinnen eise Verlag an natierlech déi lëtzebuergesch „Lizzie“-Bicher virzestellen. Mir hunn eis och direkt eventuell Synergien iwwerluecht, fir de Kanner, déi d’Bicher vum „Lizzie“ kennen, och den Zeechentrickfilm méi no ze bréngen an ëmgedréit. Dofir hu mir d’Rechter vun de véier éischten Abenteuer vum „Lizzie“ kaaft, déi sech zeechneresch un de Filmer inspiréieren, fir se an Zesummenaarbecht mat RTL erauszebréngen. Fir op de grapheschen Ënnerscheed hinzeweisen, hu mir eis un dat däitscht Format gehalen: e präiswäert klengt Bichelche mat mëllen Deckelen.

Mir hoffen, datt dem Lizzie seng Abenteuer um Bauerenhaff, egal a wéi engem Format, d’Kanner nach laang begeeschteren.

Wann Dir also eng flott Serie vu bëssi méi grousse Pixiebicher sicht, fir Äert Kand fir d’Liewe vun den Déieren um Bauerenhaff ze begeeschteren an nierwebäi och nach flott Abenteuer mam Lizzie ze liesen oder esouguer da bei KannaTiVi ze kucken, da kann ech Iech just dës Bicher un d’Häerz leeën. Bis elo gëtt et follgend Geschichten :

D’Lizzie an de Mëssel mat der Box

D’Lizzie schléift bei engem Frënd

D’Lizzie riicht de Wecker

D’Lizzie huet den Hick

Wann Dir elo virwëtzeg op Lizzie a seng Abenteuer sidd, dann mellt Iech op Facebook a sot eis, wat d‘Lizzie fir en Déier ass. Gewannt 4 Bicher bei enger Auslousung, déi den 7 Mee stattfënnt. De leschten Datum fir Är Äntwert anzeschécken ass den 7 Mee.

 

 

Léif Gréiss a bleift gesond.
Martine
Tags:
Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.