fbpx

Bekannt Plazen : Eis schéi Musel

„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.

___

These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”        

D’Fréijoer ass do a mir wëllen all eraus an d’frësch Loft.

Waart Dir schonn zu Munneref? Och Mondorf-les-Bains genannt?

Do gëtt et e ganz schéine Park, wou ee gutt spadséiere kann. Et kann ee sech awer och op eng Bänk setzen an d‘Sonn genéissen. Oder et geet een op eng Terrass eppes drénken an eng Klengegkeet iessen.

Wann ee Wellness gär huet, kann een och vum Thermalbad profitéiere mat Fitness, Sauna, Hammam, Schwämm…

Et kann een awer och weiderfuere bis op Réimech. Hei kënnt Dir laanscht d’Musel spadséieren, de Schëffer nokucken oder en Tour mam Schëff fueren, Schwän an Inte fotograféieren. Och hei ginn et grouss Terrassen, op deenen Dir eppes drénken an iesse kënnt. Fir d’Kanner ass eng Spillplaz a fir déi ganz Famill e Minigolf do. Dacks ass och Maart oder Floumaart.

Natierlech fannt Dir och a Richtung Stadbriedemes, Éinen, Gréiwemaacher, Wënzer a Wäikellereien, déi Wäindegustatiounen ubidden, esou datt Dir eis Lëtzebuerger Wäiner schmaachen an entdecke kënnt.

10 Kilometer méi wäit läit Schengen. Dat klengt Duerf, dat europawäit bekannt ass, wéinst dem Schengen-Ofkommes, dat 1985 vun de fënnef Grënnungslänner Däitschland, Frankräich, der Belsch, Lëtzebuerg an Holland ënnerschriwwe gouf. Dëst Ofkommes hieft d‘Kontrollen op de Bannegrenze vun de Vertragsstaaten op. Iwweregens ass dës Ofkommes um Schëff „M.S. Princesse Marie-Astrid“ ënnerschriwwe ginn.

Fir déi, déi et méi roueg wëllen hunn, kënnen och duerch d’Wéngerte wanderen an d’Landschaft genéissen.

d’Fréijoer = spring

eng Bänk = a bench

laanscht d’Musel = along the Moselle

Schwän (sg: Schwan) = swans

Floumaart = flea market

Wäikellerei = winery

ubidden = offer

méi wäit = farther

Grënnungslänner = founding countries

Ofkommes = agreement

Vertragstaaten = contracting states

Wéngerten = vineyards

spadséiere goen = to have a walk

genéissen = enjoy

Schëffer = ships

Inten (sg: Int) = ducks

Wënzer = winegrower

Wäindegustatioun = wine tasting

schmaachen = to taste

wéinst = because of

ënnerschriwwe(n) = signed

Bannegrenzen = internal borders

iwweregens = by the way     

wanderen = to hike

Tags:
Tania Hoffmann

Tania Hoffmann

Luxembourgish, married, two furry kids, and in love with languages, I’m happy to share my knowledge of my mother tongue Luxembourgish with learners from all cultures and origins. I’m also working as a freelance translator and journalist/writer, mainly in Luxembourgish. Next to languages, I’m addicted to neuroscience and how our brains work. This neverending journey began with my certification as a NeuroLanguage Coach for Luxembourgish.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.