Bei dësem Rezept brauch een e bësschen méi Zäit a Gedold. Et ass wéi ëmmer net immens schwéier, mee wëll de Bagel net nëmme gebak gëtt, mee och gekacht, brauch et e bësschen méi Fläiss.
Wat brauche mir?
Fir den Deeg:
- 30 gr. Hief
- 30 gr. Zocker (dat sinn 2 Iessläffele)
- 400 ml Mëllech
- 850 gr Miel
- 5 gr Salz (ass ee Téiläffel)
- 50 gr. Botter
- 1 Eegiel
An nach:
30 gr Hunneg (dee kennt an d’Waasser)
Wéi geet dat elo?
An enger grousser Schossel als éischt d’Mëllech, Hief an déi geschmolte Botter kuerz mëschen.
Dann alleguer déi aner Saachen dobäi ginn an dann gutt knieden. Ob mannst 10 Minutte laang.
Natierlech geet dat am einfachste mat enger Kichemaschinn, mee och mat Muskelkraaft ass dat keng grouss Saach.
Voilà, wann den Deeg dann schéi glat a relativ fest ass, léist du en einfach 1 Stonn, zougedeckt, rouen. Am beschten op enger waarmer Plaz.
Eng Stonn méi spéit
Elo misst den Deeg e gutt Stéck opgaange sinn.
Aus där grousser Knupp Deeg, méchs du elo 12-15 Portiounen. Dat ginn da Portiounen vun +/-80 bis 100 Gramm. A maach Kugelen draus.
An deene Kugelen léis du nees emol hier Rou. Ongeféiert eng gutt hallef Stonn.
An e Lach
Esou e Bagel ass jo awer keen normaalt Bréitchen. Do muss nach en Lach dran.
Huel eng Bull Deeg, leeën se op eng bemielte Plaz virun dech an elo kennt den Trick. Drécken mam Zeigefange e Lach an d’Mëtt. An dréin däi Fanger schnell am Krees, esou datt dat Lach méi grouss gëtt.
Mat e bësschen Übung geet dat schnell… just pass op datt d’Miel net ze vill duerch Géigend flitt.
A schonn ass den ustrengenden Deel gemaach.
Kachen
Jo: Kachen! Bagels gi gekacht a gebaakt.
Also huel e ganz grousst Dëppen Waasser a breng dat zum kachen. Schedd den Hunneg an däi Waasser. Doduerch kritt den Deeg e ganz liicht séisse Goût.
Wärenddeem s du waarts datt Waasser mat kachen ufänkt, léist du deng Bagels einfach nees emol hier Rou an den Uewe wierms du op 180°C Uewer- an Ënnerhëtzt fir.
Soubal et kacht (et muss net immens spruddelen) kachs du Bagels am Waasser, vun all Säit eng knapp Minutt.
Dann hëls du se eraus a lees se direkt ob de Bakblech. Héi mussen si och net wäit ausernee leien, wëlls se gekacht goufen, ginn si praktesch net weider op.
Ier se elo gebak ginn, ginn se nach mat enger Ee, Mëllech-Mëschung ugestach. Dofir einfach een Ee mat engem Schotz Mëllech verréieren.
Wanns du wëlls kanns du se elo nach mat Käre garnéieren.
An da geet et fir 15-20 Minutten an den Bakuewen.
Gudden Appetit!
Leave a Comment