„Dës Texter si fir jiddereen an och fir Leit, déi Lëtzebuergesch léieren. Vill Texter sinn oft ze komplizéiert an am Ufank ze schwéier. Ech schreiwen hei kuerz op einfacht Lëtzebuergesch an erklären ënnert den Artikelen, déi ënnerstrache Wierder op Englesch.
___
These articles are written for everyone and for people learning Luxembourgish. Most texts are often too complicated and too difficult for intermediate learners. I write short articles in easy Luxembourgish and explain the underlined words underneath the text in English.”
De Mëllerdall gëtt och Kleng Lëtzebuerger Schwäiz genannt. Dësen Numm krut d‘Regioun wéinst hirer hiwweleger Landschaft, déi un d‘Schwäiz erënnert. De Mëllerdall ass eng Attraktioun fir Touristen awer och fir d’Lëtzebuerger Awunner selwer. Iechternach ass d‘Haaptstad vum Mëllerdall a gläichzäiteg déi eelst Stad a Lëtzebuerg.
Am Joer 2016 gouf den Natur- & Geopark Mëllerdall gegrënnt.
De Mëllerdall Trail féiert de Wanderer iwwer 112 Kilometer duerch eng herrlech Hiwwel- a Fielslandschaft. D‘Wanderweeër am Mëllerdall féieren duerch eng intakt Natur, laanscht Wisen an duerch Bëscher.
De Mëllerdall Trail ass ganz ofwiesselungsräich a féiert zu ganz schéinen Aussiichtspunkten an der Regioun. Grad fir Kanner ass dësen Trail eng flott Entdeckungsrees. De ganze Mëllerdall Trail ass ganz gutt beschëldert a mat engem rouden ”M” op wäissem Grond gekennzeechent. D‘Route 1 vum Mëllerdall Trail fänkt am touristeschen Zentrum vun der Regioun zu Iechternach un.
D‘ Tour huet eng Längt vu 40 Kilometer. Fir d‘Route 2 kann een als Ausgangspunkt Iechternach wielen. D‘Wanderung huet eng Längt vun 33 Kilometer.
D‘Route 3 grenzt un d‘Route 2 a fänkt am Mëllerdall un a geet op enger Längt vu 37 Kilometer duerch e ganz schéinen Dall bis bei d‘Schlass Beefort. Vun hei wandert een duerch Bëscher an oppe Landschafte bis bei d‘Buergruin an der Fiels. Weider geet et Richtung Blummendall a weider zeréck an de Mëllerdall.
De Mëllerdall iwwerrascht och mat senger traditioneller Kichen. Regional Spezialitéiten ewéi Kéis, Hunneg oder Likör kritt een op ville Mäert an der Regioun ze kafen.
Hiwweleg Landschaft = hilly landscape
eelst = the oldest
féieren = to guide, to lead
herrlech = magnificent
Wanderwee = hiking trail
Bëscher = forests, woods
Aussiichtspunkt = lookout point
Entdeckungsrees = expedition
gekennzeechent (kennzeechnen)= marked
Wanderung = the hike
en Dall = a valley
erënneren = to remind
gegrënnt (grënnen) = founded
de Wanderer = the hiker
Hiwwel – a Fielslandschaft = hilly and rocky landscape
Wisen (eng Wiss) = grassland
ofwiesselungsräich = diversified
grad = especially
beschëldert = signposted
Ausgangspunkt = starting point
grenzen = to abut, to adjoin
d’Buergruin = castle ruin
Leave a Comment