Geet de Krimi weider?
E puer vun eise Sportler déi dëst Joer zu Tokyo bei den Olympesche Spiller dobäi sinn, hunn eis Faarwe schonn e puer mol vertrueden.
Sou och de Jeff Henckels mat sengem Bou. Hie war déi éischte Kéier zu Athen bei de Spiller an déi zweete Kéier zu London, also all 8 Joer (just des Kéier dann halt 9 Joer).
Fir dierfe mat op Tokyo huet de Jeff et des Kéier awer och nach immens spannend gemaach.
Wéi vill Krimien huet och dëse mat engem oder méi Onglécker ugefaangen. Deen ee kenne mir alleguer all ze gutt: eng Pandemie. D’Olympesch Spiller sinn ëm e Joer verluecht ginn. Sou datt och déi lescht Plazen am Bouschéissen net méi verdeelt goufen. Praktesch déi ganz Welt war am Lock-Down a Reesen oder Sport op héijem Niveau war fir eng Zäitchen eriwwer.
Natierlech ass de Bou beim Bouschéissen immens wichteg. Mee den Athlet deen en am Grapp huet ass nach méi wichteg. An bei deem besonnesch seng Äerm. A genau deen huet de Jeff sech dunn och nach beim Vëlofueren ugeknackst. Seng Carrière als Bouschéisser stoung deen Ament op der Kipp.
No enger laanger (also fir e Sportler ass all gezwonge Paus laang) konnt de Jeff dunn awer nees lues ufänke mat schéissen. Trotzdeem huet hie missten u sengem Material Ännerunge maachen. Dat Gewiicht vu fréier geet net méi. De Bou huet misste méi liicht ginn. Dat heescht beim Bouschéissen, Zuchgewicht huet hi misste reduzéieren.
An dunn ass eng spannend Saison ugaangen. Et goufen nach e puer Turnéieren, wou et Méiglechkeete gouf, fir sech ze qualifizéieren. Et waren nach Ticketë fir Tokyo do. De Jeff huet, zesumme mam Nationaltrainer Luc Schuler, vill geschafft fir nach eng Plaz ze kréien. Duerch den Accident mam Vëlo, huet hien net nëmmen um Bou misste schrauwen, mee hien huet och missten seng Positioun, säi Bewegungsoflaf änneren. An dobäi war de Luc, mat sengem gudden A immens wichteg.
Op den Turnéieren am Ausland sollt et dann och super gutt lafen. Awer net gutt genuch. De Jeff huet esou gutt wéi nach ni geschoss. Souguer konnt hien den, 20 Joer ale, Landesrekord nach emol e gudde Krack verbesseren. Zu Paräis, déi lescht Chance, um Turnéier als éischten an t’Qualifikatioun gaangen. An trotzdeem ass et net duer gaange fir en Ticket ze kréien.
An trotzdeem, schonn e puer Deeg méi spéit koum déi super Noriicht.
Zwee Athleten déi virun him en Ticket fir d’Olympiad sollte kréien, konnten net deel huelen. Ee wëll e vu senger Federatioun net géif geschéckt ginn. An en zweeten deen sech zwar knapp virum Jeff qualifizéiert hat awer den olympesche Minimum net erreecht huet. Et ginn hält méi wéi ee Krittär.
Voilà elo huet de Jeff den Ticket fir seng 3. Spiller an der Täsch.
Si zwee, de Jeff an de Luc, sinn zu Tokyo a maachen dat bescht aus dëse ganz spezielle Spiller. Trotz de verschäerfte Corona-Mesure hunn sinn sech optimistesch gewisen a freeën sech op d’Spiller.
E puer Stonne virun der offizieller Ouverture, geet et da mam Bouschéisse lass. Jo, virun der Ouverture ginn d’Spiller schonn un. Den Ufank beim Bouschéissen ass en “normaalt” Turnéier. Hei geet et dann ëm “sou ze soen” Startplaz. Duerno, e puer Deeg méi spéit, geet et a K.O. Ronne weider. Do schéissen dann 2 Géigner op Punkte géinteneen. Dee mat de meeschte Punkte kennt eng Ronn weider. Dat ass da richteg Spannend.
Ech drécken op alle Fall ganz fest Daumen. Alles an’t Gold!
Leave a Comment