Vum 15 Juli bis den 15 September kënnt der zu Fluessweiler bei enger Schatzsich matmaachen, fir eng Schatzsich war ech vun klengem op nach ëmmer ze begeeschteren, also hunn ech di éischtbescht Geleeënheet genotzt an sinn mat menger klenger Duechter vun 2,5 Joer op Beute gaangen.
Den Deskriptiv vum Event am Facebook ass knapp gehalen, gëtt awer all di néideg Informatiounen erëm. Dësen Wanderwee ass primär un Familljen mat Kanner geriicht, de Parcours ass absolut net fir Poussetten gëeegent, dorops gëtt een gewarnt an dat soll een wierklech Eescht huelen, et geet erop an erof an den Terrain ass net den einfachsten.
Den Tuer fänkt bei der Gemeng zu Fluessweiler un, do ass eng Këscht mat Enveloppen, wou en sech bedéngen soll, hei ass dann eng richteg flott handgemoolten Schatzkaart, (D’Jill Mühlen, eng Studentin vun Gouschteng huet hei vill Léift an den Detail gestach) doranner, op der Récksäit nach Zousazformatioun zu den Froen vun den insgesamt 17 Statiounen déi een sou begéinen wäert.
Mat Wanderschong, Rucksak, Waasser, Snacks an, ganz wichteg, engem „Droduch“ (Ergobaby an onsem Fall) si mer dann lass gezunn, Wiedertechnesch hate mer en gudden Dag erwëscht, net ze kal, net ze waarm.
De Wee ass gutt mat engem Kaweechelchen agravéiert Placketten markéiert an zimmlech séier gëtt een aus dem Duerfkär eraus geféiert. Scho bal héiert een keng Autoen méi, an d’Kulisse mat den Päerd an Kéi op de Wiesen an dem Widdebierg stolz am Hannergrond kinnt als Postkaart aus der Vakanz duerchgoen.
Et ass eng flott Streck déi d’Ëmweltkommissioun vun Fluessweiler zesummegesat huet, mir perséinlech huet de Passage duerch den fréieren Steebroch ganz gutt gefall, Infotaafelen, wéi och di eng oder aner Relikte erënneren un di vergaangen Zäiten, wou hei Steng fir Maueren an Stroossen gewonne goufen.
Et begéint een sporadesch eng Bänk, oder eng vum lokale Fieschter gebauten Konstruktioun, wéi z.b. eng Sandkaul fir Wäitsprong ze üben, Teleskopen an souguer e Museksinstrument an dann sinn nach di 17 Statiounen mat den Froen di beäntwert musse ginn, et gëtt engem ni langweileg op dësem Tuer. An um Schluss vum Tuer, do waart dann de Schatz als Entlounung fir di ganz Sich.
Wann een en hallwen Dag Zäit huet an sech eleng oder mat de Kanner an der Natur austoben well, kann ech dës Schatzsich nëmmen wärmstens recommandéieren. Och als Erwuessenen huet een hei ënnerwee vill Spaass an et kënnt een och bei der enger oder anerer Montée schéin un d’Schweessen.
Link zum Event: https://www.facebook.com/events/412227169837552
Fir weider Froen an/oder Feedback: emweltkommissioun@flaxweiler.lu
Leave a Comment