fbpx

Tennis

Tennis, wei déi meeschte Sportaarten, huet net nëmme schéi Säiten. Dat war mir nach ni esou bewosst wei no dëser Saison.

Ech hat eng Verletzung un der Schëller déi 5 Méint gebraucht huet fir fort ze goen. Dat schlëmmst un der Verletzung war, dass mir all méigleiseg Tester gemaach hunn fir eraus ze fanne wat et ass, ouni iergendeng Verbesserung. No 5 Méint hunn mir dann entscheet, ech géif erëm ufänke mat spillen an et mat vill Kiné-Seancë kombinéieren. Ech hat um Ufank en immens grousse Wei an, mee ech hunn missen op d‘Zänn bäissen an hoffen dass et besser gëtt. Et ass dunn och no enger Zäit besser ginn, well ech immens vill meng Schëller gestäerkt hunn a vill Kiné gemaach hunn.

 

Ech hunn also am Mäerz erëm ugefaange richteg ze spillen, och wann et um Ufank wierklech net einfach war. Ech hunn laang gebraucht fir mäin Niveau am Training erëm ze fannen a virun allem fir erëm Vertrauen a meng Schëller ze kréien. Etappeweis konnt ech awer erëm méi fest spillen an och erëm Punkte maachen. D’Mätscher war dann awer nach eng méi grouss Etapp. Ech hunn ugefaange mat Mätscher op nationalem Niveau ugefaangen, fir erëm d‘Gefill vun de Punkten ze kréien.

Dann war ech endlech erëm esou wäit! Ech hunn am Mäi erëm mäin éischten internationalen Tournoi gespillt. Leider war d’Virfreed e bëssen ze grouss… Ech hunn da séier verstanen, dass ech nach muss Gedold hunn fir erëm op den Niveau an de Mätscher ze kommen a virun allem Gedold misst hunn bis d’Resultater erëm kommen. Dat ass näischt Einfaches fir ee Sportler ze akzeptéieren, mee et muss een derduerch.

D’Saison ass also fir mech net esou gutt verlaf an ech war e bësse frustréiert.

 

Elo geet awer di nei Saison un. Ech hunn vertrauen a meng Traineren an och a mech. No puer Trainingswoche geet et dann och erëm lass op Tournoien. Ech probéieren des Kéier manner un d’Resultater ze denken an einfach dat bescht ze ginn an ze kucke wou ech dann hikommen.

 

Tennis ass een haarde Sport an et ass nach ee wäite Wee, mee ech si prett deen ze huelen an nei Abenteuer ze gesinn.

Dat packen ech awer och just duerch d’Hëllef di ech kréie vu menger Famill, dem Staff vu menger Trainingsstruktur a menge Sponsoren, an dofir sinn ech wierklech dankbar.

 

Marie Weckerle

Tags:
Marie Weckerle

Marie Weckerle

Ech sinn d’Marie Weckerle an hunn 16 Joer. Säit 12 Joer hunn ech eng Tennisrackette an der Hand a stinn all Dag um Terrain. Ech hunn ee wäite Wee ageschloen a well professionell Tennisspillerin ginn.😊 Mat mengen Artikele kënnt dir mäin Alldag um Wee zur Profisportlerin verfollegen.

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.