De Mateo ass e klenge Jong dee eng Kärchen voller Erwaardunge vu sengem Ëmfeld hannert sech zitt. Jidderee ronderëm hie leet nach eppes méi drop. Réischt d’Bomi erkennt, wat alles um Jong senge Schëllere vu Laaschte leit an hëlleft him, säi Wee ze fannen.
Um Buchdeckel steet folgenden Text : “Erlaabt de Kanner hir Fantasie fräi auszedrécken. Si sinn net forcéiert streng Geschlechternormen ze beuechten.”
Perséinlech fannen ech dat dëst ee vun den Haaptgedanken vum Buch ass. Mee et geet nach een dee wuel méi Allgemeng ass mee awer genee esou stäerk zielt. Nämlech deen dat mir generell an ons Kanner vill ze vill Erwaardunge munchmol stellen, ënnert deenen hirem Gewiicht si riskéieren ënner ze goen. Schonns vir ons Erwuessen ass den Drock vun der Gesellschaft esou grouss, allem gerecht ze ginn, dat munch ee vun ons krank gëtt oder ëtt net gutt packt. Wei sollen dann ons Kanner domadder eens gi wann mir et schonns net ëmmer kënnen?
Dëst Kannerbuch ass e wichtegt d‘Buch net just vir Kanner mee vir ons all. Et bréngt eis hoffentlech un d’Nodenke wou mir villäicht selwer ze vill Erwaardungen hunn, virun allem un d’Kanner mee och un ons Matmënsche wéi och un ons selwer. Sécherlech geet et och em d‘Geschlechterdiskussioun dat e Jong och mat Poppe spille kann, wei e Meedchen och mat Autoen, elo stäerk vereinfacht ausgedréckt. Mee hannendrun sollte mir méi weit nodenken an ons bewosst ginn, wat Erwaardunge vir Konsequenze kennen hunn.
Schéin dat d’Editions PHI sech der Iwwersetzung vun dëser Geschicht an ons Sprooch ugeholl huet vir ons de Message nach bëssi méi no ze bréngen.
Wann där un dësem Buch intresséiert sidd kënnt där gären um Gewënnspill op der Facebooksäit : https://www.facebook.com/MartinesLeseecke matmaache vir eent ze gewannen. Schreift ons bis de 6. November 2021 wat vir eng Erwaardung ärer Meenung no vun der Gesellschaft ons all ze vill Drock mëscht.
Léiw Gréiss a genéisst äert d’Liewen.
Martine
Leave a Comment