fbpx

Wëllefchen – Léier ziele mam Wëllefchen

Schonns ganz frei an hirem Liewe ginn ons Kanner dorun erugefouert, Wierder a Sprooch vir sech ze entdecken an d’Zuelen duerch Rechnen sech unzëeegnen. Dobäi ass et wichteg hinnen op engem spilleresche Wee an an hirem eegene Rhythmus dës Welt opzemaachen.

Do kënnt de Wëllefchen, deen ziele léiert, genee richteg!

D’Buch erzielt mat vill Spaass an a lëschtege Versen aus dem Liewe vum Wëllefchen, an hëlleft niewebäi op eng flott Aart a Weis mat hëlzenen Rechebullen a faarwegen Zuelen, vun 1-10 vir sech ze entdecken. Aus haardem Kartong a mat bonten Illustratiounen erkläert, mëscht et Grouss a Kleng ab 3 Joer vill Spaass zesummen an d‘Zuelenwelt eranzekrauchen.

Eng flott Iddi Spaass mat Léieren ze verbannen!

Wann Iech dëst inspiréiert da maacht mat beim Gewënnspill vir ee Buch. An post op Facebooksäit https://www.facebook.com/MartinesLeseecke, wéi vill Zuelen et ze entdecke gëtt. Dëst bis den 16.11.2021.

Vill Gléck an bleift gesond.

 

Léiw Gréiss,

Martine

Martine

Martine

Musik, Natur, Sport, Kunst und Kultur und vor allem Lesen. Dies sind einige meiner vielen Interessen. Geboren in Luxemburg und wohnhaft im Westen, bin ich in der Mitte des Lebens angekommen und genieße dessen Vielfalt jeden Tag aufs Neue.    Die Literatur ist für die Menschheit das, was Träume für den Einzelnen sind. Isabel Allende  

Leave a Comment

This site uses Akismet to reduce spam. Learn how your comment data is processed.