Sicht där nach eppes vir äre Kanner déi 4 Joreszäiten op eng intressant Aart a Weis ze erklären? Wéi ons Natur dobaussen all dréi Méint hiert neit Kleed undeet?
Dann ass dëst Buch aus der Serie Vivi Kremart eng flott Iddi.
An handlechem Format a festem Kartong mat enger Protektioun em déi metalle Spiralen, a mat flotten Obklappsäite weise wonnerschéin Illustratiounen op eng kandgerecht a léif Aart a Weis alles wat et zum Fréijoer, Summer, Hierscht a Wanter ze wësse gëtt. Och wisou et ons kal oder waarm ass a wat dat mat ons mécht.
Déi kleng Fënsteren déi een op de Säiten nach opdecke ka, verstoppen esou munch Iwwerraschung a maachen déi kleng Butzen nach ëmsou méi virwëtzeg.
Den Text, an d’Lëtzebuerger Sprooch iwwersat, dréit senges dozou bei, vir de klengen Entdecker tëscht 2 a 4 Joer och nach e puer Zeilen dobäi virliesen ze kennen.
E flotte Liesespaass vir Grouss a Kleng!
Wann där bei der Verlousung vun engem Buch matmaache wéilt da schreift ons wéi eng Joreszäit iech am beschte gefält. Dëst op Facebooksäit https://www.facebook.com/MartinesLeseecke a bis zum 26.11.2021.
Vill Gléck a léif Gréiss.
Martine
Illustratioun an Text : Constanza Droop
Originaltitel: Wieso? Weshalb? Warum? junior: Die Jahreszeiten
Iwwersetzung: Kremart Editions
ISBN : 9782919781287
Leave a Comment