MERCI – D’Geschicht vun enger Noperschaft vum Rocio Bonilla
D’Geschicht handelt vun engem klengen Quartier an deem Noperen wuel Haus un Haus wunnen mee keen deen aner kennt. Jidderee mengt eppes vun dem aner ze wëssen an eigentlech leien si all falsch.
Beim Camilla kënnt Kaméidi aus dem Haus an d’Noperen mengen hatt géif net méi gutt héieren… Wann si wéissten, et sinn seng 10 Kanner déi wuel keng Geleeënheet ausloossen sech bemierkbar ze maachen. An da gëtt et den Här Dittchen, deen e ganz aussergewéinlechen Hobby huet. An esou geet et weider….
Dëst Buch ass aus dem spueneschen iwwersat an dëst Joer an lëtzebuergescher Sprooch op den Maart komm. An Pastelltéin douce Illustratiounen ënnersträichen d’Emotionalitéit vum Buch an passen wonnerschéin op esou eng déifgrënneg Geschicht.
Et léit mir um Häerz, e Joer wat vun villem schlëmmen gepräägt wuer mat engem Wuert opzehalen. An do kënnt dëst Buch genee richteg.
MERCI iech all vir ären Intressi um Liesen, vir ären Intressi un de Geschichten an den Bicher.
Vir un der Verlousung vun engem Buch deelzehuelen post wannechgelift dëst magescht Wuert op Facebooksäit https://www.facebook.com/MartinesLeseecke dëst bis den 07.01.2022.
Vill Gléck iech all an MERCI vir alles.
Schéi Feierdeeg an bleift gesond wannechgelift.
Martine

Leave a Comment