All Posts By

Marie-Jo

Marie-Jo

Marie-Jo

Ech sinn d’Marie-Jo, bestuet, Mamm vun 2 Kanner an interesséiere mech fir alles ronderëm d’Gesondheet an d’Wuelbefannen am Alldag. De meeschte Spaass hunn ech u gesonder Kichen. Ech verbréngen immens vill Zäit domat mer nei Rezepter auszedenke fir meng Famill a meng Frënn mat gesonden an trotzdeem interessanten an ausgeglachene Moolzechten z‘iwwerraschen. Meng strengste Kritiker sinn eis zwee Teenies doheem. Wann ech si bis iwwerzeegt hunn, sinn ech op der gewonnener Säit. Haaptberufflech sinn ech zoustänneg fir Aarbechtssécherheet a Gesondheet. An deem Sënn koum mer am Fréijoer d’Iddi op Facebook eng, zimlech einfach gestalte Säit anzeriichten, wou meng Aarbechtskollegen, awer och soss jiddereen dee Loscht huet, sech inspiréiere ka fir sech eng gesond Lunchbox virzebereeden. Et goung mer do drëm Rezepter virzestellen déi am Prinzip schnell an einfach preparéiert sinn. Keng Zäit ass deemno keng Entschëllegung méi fir sech mat Fastfood voll ze stoppen. Ze fannen ass di Säit ënner dem Numm “Pimp däi Kuuschtesak – Relook ton casse-croûte”

PIRATEGOLD Rezept

Wéi meng Kanner nach méi kleng waren hunn ech mech oft gefrot wéi ech sidozou kréie sollt Geméis z’ iessen. Do gouf dann och mat allen Tricken a Mëttele geschafft. Mäi Jong war eng ganz...

CAKE POPS FIR D’FUESENT

De Mount Februar géif ech gär de Kanner widmen. A fir Kanner gëtt et dach bal näischt méi Schéines wéi d’ Fuesent. Sech ze verkleeden a fir puer Stonnen di zauberhaft Prinzessin, de grujelege...

ORANGËCRÈME OP ZIMTSTÄREN

Häerzlech Wëllkomm zréck a menger klenger Kachwelt, haut mat engem Dessert fir d’Feierdeeg. A mengem leschte Blog hat ech dir verzielt dat dëst Joer meng Teenierestaurantkritiker gestëmmt hunn wat Hellegowend bei eis op den...

Avocadocrème op Clementinemousse

Eng festlech Amuse-Bouche Chrëschtzäit kënnt lues awer sécher méi no. Di besënnlech Zäit gëtt bei eis doheem ganz entspaant gestalt an iwwerall richt et no Orange, Kanéil a Kardamom. Mir maache kleng Wanderungen, drénke waarmen Téi a...

NAAN MAT GEGRILLTEM KALBASS

Geessekéis a geréisten décken Nëss Häerzlech wëllkomm a menger klenger Kichen. Ech befanne mech grad a menger Liiblingsjoëreszäit. De Bësch erstraalt a senger schéinster Faarwepracht a fir mech gëtt et moies bal näischt méi...