fbpx
All Posts By

Nico

Nico

Nico

Ech, den Nico, hunn an der Mëtt vun der 70er Joer vum leschte Joerhonnert ugefaangen d’Welt ze entdecken. Haut liewenech mat menger Famill am déifste Süde vum Land. Et huet kee mir et verroden, mee bestëmmt war ech emol als klenge Butz an e risegrousst Dëppe voller Optimismus a gudder Laun getrollt. Ob alle Fall begleeden déi zwee mech stänneg. Zënter iwwer engem Joerzéngt schreiwen an illustréieren ech, mat vill Freed, Kanner- a Jugendbicher. A säit e puer Joer hannerloossen ech meng Pefferkäre bei Rosportlife.

Mam Bou op Tokyo

Geet de Krimi weider? E puer vun eise Sportler déi dëst Joer zu Tokyo bei den Olympesche Spiller dobäi sinn, hunn eis Faarwe schonn e puer mol vertrueden. Sou och de Jeff Henckels mat sengem...

Lauschterwanderwee – e Wee net nëmmen fir ze lauschteren

Pünktlech fir de Summer geet zu Butschebuerg (e Quartier vun Diddeleng) e neie Wanderwee op. Awer dëse Wanderwee ass net wéi vill Aneren. Deen heite Wee ass ganz speziell. Den Numm Butschebuerg verréit et...

Bagels

Bei dësem Rezept brauch een e bësschen méi Zäit a Gedold. Et ass wéi ëmmer net immens schwéier, mee wëll de Bagel net nëmme gebak gëtt, mee och gekacht, brauch et e bësschen méi...

American Pancakes

Pancakes si keng Paangecher! Mee wat ass dann den Ënnerscheet? Déi eng komme vun där anere Säit vum Pull. Dat ass awer net den eenzegen Ënnerscheet. Komm mir baken e puer Pancakes an iwwerleeën da wat...

Magesch Baguette

Eng magesch Baguette? Wat ass un enger Baguette magesch? Un dëser Versioun vun enger Baguette ass et, wéi einfach se ze maachen ass. Et geet Ratz-Fatz a schonn ass se fäerdeg. Okay, ganz éierlech......

Rezept: Gëlle Brout

Gëlle Brout D’lescht Joer hunn ech Iech op dëser Plaz dat ‘perfekt Brout’ virgestallt a mäi Rezept huet vill Succès kannt. Haut wëll ech Iech een anert Brout virstellen, ee wat méi séier geet...