fbpx
All Posts By

Sabina

Sabina

Sabina

Eng vu menge grousse Leidenschaften ass Kachen an ech loosse mech staark beaflosse vu mengen italienesche Wuerzelen, déi aus Puglia a Süditalien stamen. Fir mech ass Kache wat fir aner Leit Yoga ass.

Ech kann dobäi entspanen a mengen Iddie fräie Laf loossen. Ee weideren Hobby vu mir ass den Theater wou ech net nëmme matspillen, mee mech och an engem Comité engagéieren.

Mech faszinéiert um Theater, dass ech mech an aner Personnagë versetze ka besonnesch am Cabaret, an dobäi de Leit en Laachen an d'Gesiicht zaubere kann.

Hei presentéieren ech Iech meng Rezepter an hoffen dir hutt vill Spaass beim Nokachen.

Papaya Avocado Tartar

Mat Scampi & St. Jacques Op der Hochzäit vu menger  beschter Frëndin virun e puer Joer krute mir eng Papaya Avocado Zalot zerwéiert an déi ech mech op der Plaz verléift hunn. Iwwert d’Joren...

SPEKULATIUS MASCARPONE TAART

Ech gleewen et kaum. Virun 3 Stonne ware mir nach an dem hekteschen, total iwwerfëlltem Milano an elo geet d’ Dier vum Zuch op an direkt schalt de Kierper mat allen Sënnen op Vakanz....

JOUES DE LOTTE

mat enger Vanillszoos op Mieresspargel Wéi Zäit verflitt, mir si schonn erëm am Dezember ukomm a Chrëschtdag steet kuerz virun der Dier. D‘Fest vun der Léift an dem Zesumme sinn. Ech freeë mech erëm...

SAUMON MAT RICOTTA A SAUERAMPEL

Am Brickdeeg mat enger Hierschtzalot Di Kombinatioun vu Saumon mat Ricotta a Sauerampel am Brick Mantel ass ee Mix vu 4 verschidde Goûten déi mir esou gutt gefält dass ech se haut mat Iech deelen....

GNOCCHI MAT KÜRBIS

Hierschtzäit ass Kürbiszäit :) Et ginn iwwert 100 Zorte Kürbissen ma ech perséinlech hunn den Hokkaido op Franséisch Potimaron ganz gären, net nëmme well ech d'Schuel mat verschaffe kann, ma och wéinst sengem liichte séisselzege Goût. Seng mielzeg Konsistenz ass scho ganz praktesch...