All Posts By

Tanja

Tanja

Tanja

Ech sinn d’Tanja a wunnen am Süde vun eisem klenge Ländchen. Ech reese fir mäin Liewe gär a schonn als klengt Kand war ech zimmlech reesbegeeschtert a war ëmmer frou wann et geheescht huet dass mir an d’Vakanz fueren. Mee virun allem déi lescht Joren huet sech deen Drang d’Welt ze entdecken nach méi staark ausgebreet. Am léifste verreesen ech mam Rucksak, a buchen net méi wei de Vol an déi éischt Nuecht am Hotel. Genau déi Aart ze verreese bedeit awer och sech extrem vill am viraus ze Informéieren, gutt Kenntnisser iwwert dat Land ze hunn an ze wësse wat ee sur place erwaart, vu dass ee kee "rundum Package" huet wou een sech em näischt këmmere muss. Ofgesi vum Reese ginn ech och nach ganz gär trëppelen, respektiv wanderen, virun allem och bei eis an der Géigend, well een net ëmmer weit muss fort goe fir flott Platzen ze entdecken. 2017 hunn ech fir déi éischte kéier bei den 20km vun der Marche internationale de Diekirch deel geholl a probéiere säit deem all Joer deel ze huelen.

Entdeckt d’Schéinheet vu Montenegro

Wéi ech mech entscheet hu mat mengem Papp an de Montenegro ze reesen, krut ech vu ganz vill Leit gesot dass Sie selwer nimools an deen Deel vun Europa géife reesen. Lo wou ech...